Häerzlech image

Häerzlech Wëllkomm

Als zertifiéierte Schlofcoach fir Puppelcher a kleng Kanner, läit et mir um Häerzen iech ob ärem Wee zu rouegen an entspaanten Nuechten ze begleeden. Mat dem néidegen Wëssen, Gedold an vill Léift kann all Schlofproblem geléist ginn.

Schléift äert Kand Owes oder och am Dag net gutt an, erwächt ëfters an der Nuecht, ass Nuets zäitweis waakreg, ass fréi ob oder kann just aschlofen, wann dir bei him sidd oder et ronderëm gedroe gëtt dann si dir bei mir genau richteg.

Zesummen mat iech an mat mengem Wëssen kënnen mir sou Situatiounen opléisen an fir erhuelsam an entspaanten Nuechten suergen.

Dir sidd bereet deen Wee mat mir ze goen, dann mellt iech elo bei mir fir een éischt Informatiounsgespréich.

Momentan bidden ech den Coaching just ob lëtzebuergesch an däitsch un.

Iwwer mech

Léif Mamma, léiwe Pappa, mäin Numm ass Jenni, 31 Joer an ech wunnen mat mengem Partner an menger klenger franséischer Bulldog zu Heischent. Ech sinn säit 2011 am éducativen Beräich täteg an schaffen an enger Crèche. Meng Hobbyen sinn spadséieren goen, reesen an vill momenter mat der Famill an Frënn ze verbréngen.

Wéi sinn ech ob den Schlofcoaching opmierksam ginn?

Ëmmer rëm bréngen d’Elteren hier Kanner moies an Crèche. Wann ech dann nofroen, ob alles ok ass an wéi Nuecht war, héiert een mol gären, dass Nuechten net sou gutt sinn. Deen klenge Butz wollt Owes net aschlofen – En ass oft erwächt – War phaseweis waakreg – War fréi ob – an an an. Méi wéi den Elteren nolauschteren an si wëllen ze verstoen konnt ech net, well mir dat néidegt Wëssen gefeelt huet. Dowéinst hunn ech mech vir eng Ausbildung als Schlofcoach entscheet. Déi Ausbildung hunn ech erfollegräich beendegt an kann mech lo zertifizéierte Schlofcoach fir Puppelcher an kleng Kanner bezeechnen.

Ech freeë mech iech bei ärer nach schwiereger Schlofsituatioun ze beroden, ze ënnerstëtzen an ze begleeden, soudass d‘Schlofen och eppes Schéines an Erhuelsames fir iech an äert Kand ass.

Coaching Offeren

Image

1. Präventiv Coaching

Dir sidd grad an aner Ëmstänn, hutt Frëndinnen oder Bekannten wou Kanner hunn an Dir tauscht iech reegelméisseg mat hinnen iwwert Schlofsituatioun aus? Dir sidd iech onsécher, wéi Dir domadder ëmgoen sollt, wann äre Butz bis do ass?

Dësen Präventiv Coaching ass genau dat richtegt fir iech, wann dir

– entspaant un dat Thema Schlof wëllt erun goen
– wëllt wëssen wat Dir an deenen éischten Méint kënnt maachen, fir ärem Butz d‘Schlofsituatioun sou angeneem wéi méiglech maachen
iech frot, wéini den Zäitpunkt ass, dass äre Butz net méi d’Broscht oder Fläsch brauch fir an ze schlofen
– wëllt wëssen wat Schlofregressiounen sinn an wéini déi antrieden
– wëllt wëssen wéi vill Schlof äre klenge Butz eigendlech brauch


2. S.O.S Coaching

Sidd dir ob der Sich no engem fachlechen Rot déi är Schlofsituatioun ännert? Hutt dir Froen iwwert Schlofzäiten vun ärem Kand oder doriwwer wisou et ëfters an der Nuecht erwächt oder souguer déi sougenannten Wachphasen huet?

Dann ass den S.O.S Coaching genau dat richtegt fir iech. Mir beschwätzen gemeinsam är Schlofsituatioun an kucken zesummen wéi eng Méiglechkeeten et ginn fir dass äert Kand an den Schlof fënnt.

Icon

Schlofprotokoll

Als éischt féier Dir een Schlofprotokoll vun 3 Deeg, deen ech dono auswäerten.

Icon

Telefonsgespréich

Mir kucken zesummen wisou Schlofsituatioun sou ass wéi se ass an probéieren gemeinsam eng Léisung ze fannen.


1.1 Premium Coaching

Dir sidd mat ärem Latäin um Enn? Wësst einfach net méi weider? Iech feelt et un Wëssen? Egal wat dir schonn alles probéiert hutt, näischt klappt richteg? Dir sidd bereet är aktuell Schlofsituatioun ze änneren? Dir wëllt méi iwwert den Schlof vun ärem Kand gewuer ginn?

Den 1-1 Premium Coaching ass genau dat richtegt fir iech, wann äert Kand
– laang brauch fir an den Schlof ze fannen
– ëfters an der Nuecht erwächt
– Nuets méi laang waakreg ass, also sougenannten Wachphasen huet
– Owes net wëll aschlofen
– moies ze fréi erwächt
– beim Aschlofen kräischt
– just mat gewëssen Schlofhëllefen an den Schlof fënnt

Zousätzlch wëllt Dir méi gewuer ginn iwwert:
– D’Schlofhygiene, déi ärt d’Liewen méi einfach maachen
– Owesroutin / Owesritual vum Kand

Dësen Coaching enthellt een Informatiounsgespréich per Telefon, d’Ausféieren vun engem Schlofprotokoll, een Analysegespréich (ca. 1,5 Stonnen), een Coachinggespréich (ca. 1,5 Stonnen ) an zum Schluss een Ofschlossgespréich (ca. 20-30 Minutten)

Icon

Schlofprotokoll

Als éischt féier Dir een Schlofprotokoll vun 5 Deeg, dat mir een realistescht Bild vun ärer aktueller Schlofsituatioun gëtt.

Icon

Analysegespréich

Hei kucke mir zesummen wisou är Schlofsituatioun sou ass wéi se ass. Ausserdeem konkretiséiere mir äert Schlofziel an Dir kritt éischt Aufgaben.

Icon

Coachinggespréich

Erklärung zum Thema Schlof. Zesummen entwéckele mir een Schrëtt- fir- Schrëtt Plang, deen un den Bedürfnisser vum Kand an vun iech ugepasst ass.

Icon

Ofschlossgespréich

Zum Schluss gëtt gekuckt, wat gutt geklappt huet an wat net an wou mir nach engkeier mussen rejustéieren.

„Jede Schwierige Situation, die du jetzt meisterst,
bleibt dir in der Zukunft erspart.“

(Dalai Lama)

„Auch eine Reise von tausend Meilen
beginnt mit dem ersten Schritt.“

(Laotse)

Logo

Kontakt Opnam

    Innerhalb den nächsten 48 Stonnen kritt dir Eng Äntwert